
Coupe scolaire
06/06/2007D'Coupe Scolaire fir d'5. a 6. Schouljoer zu Schuller fënnt den 8. Juni statt.
Wéinst dem Passage vum "Tour de Letzebuerg" am fréie Nomëtteg, huet de Parcours duerch d'Duerf missten op Moies verluegt ginn. De Programm ass elo folgenden:
- Theorie:Déi eenzel Klassen maachen déi theoretesch Epreuve am Laf vum Daag
- De Geschéckerlechkeetsparcours gëtt am klengen Haff ogeriicht. D'Klassen hun jeweils 45 Minutten fir ze üben an d'Epreuve ze maachen.
- De Parcours duerch d'Duerf as tëschent 9.00 an 11.45 Auer. D'Kanner starten an engem Intervall vun enger Minutt.
Wéinst der Sécherheet vun de Kanner gëtt rue de l'Eglise an de Parking virun der Spillschoul tëschent 11.30 an 14.30 ganz gespaart. Mir bieden d'Elteren dat ze respektéieren.
Mir soen am Viraus der Elterevereenegung, de Pompieren, der Police an der Equip vun der Gemeng Merci fir hir Mathëllef.