Archiv

Rentrée 2009-2010
12/09/2009D'Schouljoer 2009/2010 fängt den 15. September 2009 un.
D'Klassen vum Cycle 1 (der Spillschoul) fänken um 8.15 Auer un.
Fir d'Cyclen 2-4 (Primär) as de Schoulufnak schon um 7.50 Auer.
Den éischten Daag as Schoul bis 12.00 Auer.
All Schüler wëssen bei wat fir engem Titulaire an a wat fir engem Sall sie goë mussen.
Fir den Cycle 1 an den Cycle 2.1. hänken nach eng Kéier Lëschten amAgang vun de Schoulen.
Ab 7.50 Auer fonktionnéiert e Service d'Accueil fir déi Kanner, déi nei an eis Schoul kommen. Sie gin dann an hir jeweileg Klassen begleet.
All weider Informatiounen stinn an eisem Schoulkalenner, den all Schüler am Laf vun den éischte Schouldeeg mat heem kritt.

Schoulfest
03/07/2009D'Schoulfest, organiséiert vun der ELterevereenegung as den 10. Juli ab 16.00 Auer am Schoulhaff.
De Sportsdag, dee fir dee selwechten Daag geplangt wor, muss leider ofgesot ginn:
D'Gemeng huet ouni d'Enseignnaten am Virfeld ze froen oder z'informéiren deen Daag en Deel vun der Sportshal beluegt.
Schued!

Coupe scolaire 2009
13/05/2009D'Coupe scolaire 2009
fir all d'Klasse vum 5. a 6. Schouljoër
as Freideg, den 22. Mee an de Stroossen vu Schuller.
Mir bieden d'Automobilisten op déi jongk Cyclisten opzepassen!